+Zwê Kinnekskanner, de' trei sech le'f,
ko'men ausenaner weit an de'f;
Zwê Kinnekskanner, de' trei sech le'f,
hunn och stëll gebiet, dat Fridde ge'f:
Haut weisen si der ganzer Welt
an ~engem~ Feld
d'Goldlilje mat dem ro'de Kro'nele'w;
Haut dron s'a jongem Glëck Hand an Hand
d'Hoffnonk vun dem Letzeburger Land.+